De Schwäizer huet sech virun e puer Woche misste fir déi 2. Kéier um rietse Knéi operéieren loossen.

Deen Ament war hien am Opbau no senger éischter Operatioun vum Februar.

Fir 2021 nees kënnen top fit ze sinn, huet de Federer dowéinst decidéiert, dëst d'Joer keen Tournoi ze spillen.

Aktuell gëtt op der ATP an WTA Tour wéinst der Corona-Pandemie souwisou bis den 31. Juli net gespillt.