E Mëttwoch huet d'Lëtzebuerger Tennisspillerin matgedeelt, dass si schwanger ass an Enn dës Joer fir d'zweete Kéier Mamm gëtt.

Deemno wäert d'Lëtzebuerger Nummer 1 dëst Joer keng Kompetitioun méi spillen. U sech sollt dës Saison jo hir lescht Saison sinn, allerdéngs huet d'Mandy Minella sech dat aneschters iwwerluecht.

Opgrond vum Coronavirus konnt d'Mandy Minella hir lescht Saison net esou spillen, wéi si sech dat gewënscht huet, esou dass si no de Gebuert vun hirem zweete Kand, sech nach eemol a Form brénge wëll, fir dann nach eemol e leschten Ulaf ze huelen.

Wat d'Klassement ugeet, wier deen Ament villes onkloer, ma déi 34 Joer ale Sportlerin kéint awer, wa si am Mee 2021 nees ufänkt, bei 12 Tournoien op e "Classement protégé" zeréckgräifen. Deemno hätt d'Mandy Minella 12 Tournoien, fir hirer Karriär en Enn ze setzen.