D'Ekipp vum Jürgen Klopp huet dobäi en Donneschdeg den Owend vun der 1:2-Néierlag vu Manchester City beim FC Chelsea profitéiert.

An der englescher Premier ass d'Saison nach net eriwwer, ma 7 Spilldeeg viru Schluss steet mat Liverpool de Champion vun der Saison 2019/2020 scho fest. Duerch d'1:2-Néierlag vu Manchester City en Donneschdeg den Owend bei de Blues hu Salah, Henderson a Co an der Tabell nämlech 23 Punkte Virsprong op den Tabellenzweeten an domadder kënne si net méi agefaange ginn.

Fir Liverpool ass et deen éischten Titel zanter 30 Joer am englesche Championnat.

D'Ekipp vum Klopp huet déi ganz Saison an der Premier League dominéiert an net manner wéi 28 vun den 31 Matcher, déi bis ewell gespillt goufen, gewonnen. Domadder war et no der Relance vum Championnat nëmmen nach eng Fro vun der Zäit, wéini d'Decisioun endgülteg géing falen. En Donneschdeg war et esou wäit. Manchester City ass beim FC Chelsea net iwwer eng 1:2-Defaite erauskomm. An der 36. Minutt hat de Pulisic d'Blues mat 1:0 a Féierung bruecht. No der Paus konnt den De Bruyne an der 55. Minutt op 1:1 ausgläichen. D'Decisioun ass dunn an der 77. Minutt gefall. De Fernandinho krut no engem Handspill glat Rout gewisen. De Willian huet sech d'Chance vum Punkt net huele gelooss an op 2:1 fir d'Lokalekipp gesat. Dat sollt och d'Schlussresultat sinn. Domadder verléiert ManCity beim FC Chelsea an huet elo keng Chance méi, fir den Titel ze verdeedegen.