Dat huet en Donneschdeg déi franséisch Tennisfederatioun matgedeelt. An de Finalle kéinten deen Ament bis zu 10.000 Leit d'Matcher am Stadion suivéieren.

D'Zuel vun de Spectateuren, déi an den 3 Stadione sollen erlaabt ginn, géing 50-60 Prozent vun der gewinnter Kapazitéit ausmaachen. Dat géif et den Organisateuren erlaben, déi offiziell Ofstandsreegelen anzehalen, sou nach d'Statement vun der FFT.

D'Tickete fir Roland Garros 2020 sollen den 9. Juli an de Verkaf goen. D'French Open wäerten tëscht dem 21. September an dem 11. Oktober ausgedroe ginn.

Kuerz virum Grand Slam zu Paräis ginn zu New York d'US Open vum 31. August bis den 13. September gespillt, allerdéngs ouni Spectateuren. Wimbledon gouf jo komplett ofgesot.