An der schwedescher Allsvenskan konnt sech den IFK Norrköping mat Hëllef vun engem Gol vum Lars Gerson mat 3:1 géint Göteborg duerchsetzen.

De Lëtzebuerger war bei der Victoire de ganze Match am Asaz. An der Tabell steet Norrköping mat exzellente 16 Punkten no 6 Matcher weiderhin op der éischter Plaz.

Sonndeg

An der éischter Schwäizer Divisioun huet de Christopher Martins mat Bern mat 3:0 géint Lugano gewonnen. Dobäi huet hien de ganze Match gespillt. An der Tabell stinn d'Young Boys Bern op der 2. Plaz hannert St. Gallen.

A Russland spillt Ufa duerch e Gol an der leschter Minutt 1:1 géint Jekaterinenburg. Den Olivier Thill stoung net am Kader.

Samschdeg

D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller Maurice Deville, Waldhof Mannheim, spillt 0:0 géint Zwickau a schléisst d'Saison soumat op der 9. Tabelleplaz of. De Lëtzebuerger koum allerdéngs net zum Asaz, dëst well hien duerch eng Verletzung ausgefall ass. Onkloer ass awer weiderhin, wéi d'Zukunft vum Deville ausgesäit, säi Kontrakt ass den 30. Juni op en Enn gaangen.

An der tierkescher Super Lig hat Ankaragucu mat 1:4 géint Alanyaspor de Kierzere gezunn. De Gerson Rodrigues war bei der Lokalekipp wéinst enger rouder Kaart net am Kader.