Den Daniel Thioune soll neien Trainer gi vum Hamburger SV. Hie war zanter November 2017 Trainer beim VfL Osnabrück.

Laut diverse Medie soll den Deal tëscht dem Daniel Thioune an dem Hamburger SV an dréchenen Dicher sinn. De 45 Joer alen Trainer soll scho virun engem Joer op der Hamburger Lëscht gestanen hunn, ier den Dieter Hecking schlussendlech de Poste fir ee Joer krut.

Nodeems Hamburg awer lo rëm gescheitert ass, fir an d'éischt Bundesliga opzesteigen, hu si sech vum Hecking getrennt. Si hu sech du fir den Daniel Thioune entscheet, deen dëst Joer de VfL Osnabrück an der zweeter Bundesliga trainéiert huet.

De VfL Osnabrück huet scho matgedeelt, datt den Thioune de Veräin verléisst, nach um Méindeg soll d'Offizialiséierung vum Thioune vum Hamburger SV matgedeelt gin.