De 24 Joer ale Quarterback vun de Kansas City Chiefs huet elo säi Kontrakt ëm 10 Joer verlängert.

An dat dierft dann och de gréisste Kontrakt aus der Sportgeschicht sinn. Fir eng Zomm vu 450 Milliounen Dollar huet de Superbowl-Gewënner bis 2031 bei de Kansas City Chiefs verlängert. Dat bréngt säi gesamte Kontrakt op 500 Milliounen Dollar innerhalb vun 12 Joer.

Dobäi soll hien och eng Verletzungsgarantie vun 140 Millioune mat ënnerschriwwen hunn, wat dem Quarterback déi Zomm am Fall vun enger Blessure garantéiert.

Bis ewell hat de Baseball-Spiller Mike Trout vun de L.A Angels de Rekord mat 426 Milliounen Dollar op 12 Joer.