De Ralf Rangnick soll een Accord mat der italienescher Ekipp fonnt hunn, fir vun nächster Saison un Trainer a Sportdirekter ze ginn.

Dat huet d'Zeitung "Gazetta dello Sport" um Dënschdeg de Moie matgedeelt. Den AC Mailand huet d'Informatioun awer nach net confirméiert. Trotzdeem soll scho virun enger Woch de Paolo Maldini d'Nouvelle vum Club matgedeelt kritt hunn.

Festzeleeën, bleift nach, ob den Ex-Hoffenheim an RB-Leipzig-Trainer als éischt d'Funktioun als Sportdirekter iwwerhëlt an de Stefano Pioli weiderhi fir eng Saison op der Bänk wäert sëtzen, oder ob hien direkt d'Trainerplaz fir d'Saison 2020-2021 iwwerhëlt.

Den 62 Joer alen däitschen Trainer géing de Sportdirekter vun de Rossoneri, d'Veräinslegend Paolo Maldini, ersetzen.

Säi Kontrakt soll iwwer 3 Jore lafen.