Den Tennisclub Nordstad huet als éischte Veräin en Turnéier nom Deconfinement organiséiert.

200 Tennisspiller a Spillerinnen hate sech ageschriwwen. De Bern Thill konnt sech dervun iwwerzeegen, wéi héich d'Motivatioun ass, fir erëm dierfe Kompetitiounen ze spillen.

D'Informatiounen, wat d'Hygiènesreegelen ugeet, sinn net ze iwwersi fir déi 200 Tennisspiller a Spillerinnen, déi um Nordstadturnéier deelhuelen. D'Partizipatiounszuel ass fir Lëtzebuerger Verhältnisser héich. Fir d'Organisateuren ass d'Motivatioun, fir erëm Tenniskompetitiounen dierfen ze spillen, present . Bewosst huet den Tennisclub Nordstad och Dubbele mat an de Programm agebaut.

Dem Chris Rischartz no wier dat eng ganz gutt Saach, och, fir d'Spiller ënnert sech kompetitiv ze halen an dat ze kompenséieren, wat zanter dem Ufank vun der Corona-Kris ausgefall ass.

Zanter dem 11. Juni sinn d'Kompetitiounen am Tennis erëm erlaabt. Dem Spiller feelt de Rhythmus vun der Kompetitioun am meeschten. Dës Saison wier allerdéngs aussergewéinlech.

De Gilles Kremer, fréiere Profi, deen eng Abberzuel vu Kompetitiounen hannert sech huet, confirméiert dat och. De Rhythmus wier net méi de selwechten an dat géing een och um Terrain gesinn, wou vill méi Feeler entstinn.

De Loisirstennis huet dierfte virun de Kompetitioune lassleeën. Och dës Situatioun war net einfach fir déi Responsabel vun de Veräiner ze geréieren.

D'Veräiner hunn och finanziell misste villes iwwerbrécken, sou de Chris Rischartz. Et wier net einfach gewiescht, mä si hätten dat bescht draus gemaach.

Och am Tennismilieu huet d'Solidaritéit, oder aneschters ausgedréckt, de Sportsgeescht, matgespillt.