Um Méindeg den Owend huet de Lars Gerson a Schweden mat senger Ekipp Norrköping zu Malmö 1: 1 gedeelt.

Sonndeg

An der Tierkei huet um Sonndeg den Owend Ankaragücü doheem mat 1:0 géint Galatasaray gewonnen. De Gerson Rodrigues stoung awer net am Kader vun der Lokalekipp. Wéi tierkesch Medie mellen ass et um Sonndeg de Moien nom Kaffi zu enger Ausernanersetzung tëscht dem Lëtzebuerger a sengem Matspiller Ante Kulusic koum. Déi Club Verantwortlech hunn doropshin entscheet de Gerson Rodrigues aus dem Kader fir de Match ze verbannen.  Wéi et weider heescht kéint dëse Virfall dozou féieren dass de Lëtzebuerger guer kee Match méi fir d'Tierke spille kéint. Bis dato ass de Rodrigues jo just ausgeléint vun Dynamo Kiew. Weider Detailer si bis dohin net bekannt.

Am Auswäertsmatch géint Lokomotive Moskau trennt sech d'Ekipp vum Olivier Thill, de SK Ufa, mat 1:1. Ufa louch bis zur 81. Minutt mat 1:0 a Féierung. De Lëtzebuerger Nationalspiller ass beim Gläichspill an der Nospillzäit agewiesselt ginn. De Olivier Thill war déi lescht Woche blesséiert, hien hat e Muskelfaserrass am décke vum Been. Ufa steet aktuell op der 6. Tabelleplaz am russesche Championnat. Dat geet am Moment just net duer fir europäesch ze ginn.

Samschdeg

An der Schwäiz huet Young Boys Bern am Match géint den FC Basel mat 2:3 de Kierzere gezunn. Dobäi ass de Christopher Martins an der 62. Minutt agewiesselt ginn.

E Samschdeg de Mëtteg huet sech dat bestätegt, wat sech an de leschte Woche schonn ofgezeechent huet. Duerch 4 Géigegoler vum Antonio verléiert Norwich City däitlech géint West Ham a spillt sou déi nächst Saison an der zweeter englescher Liga.

Domat verpasst den Danel Sinani d'Chance als éischte Lëtzebuerger Spiller an der Premier League am Asaz ze sinn.