Wéinst dem Coronavirus si jo d'Olympesch Spiller, déi dëse Summer sollte sinn, op nächst Joer verréckelt ginn.

70 Prozent vun de Japaner hunn an enger Ëmfro uginn, datt si dofir wären, datt d'Spiller entweder ganz ofgesot solle ginn oder eben nach emol decaléiert solle ginn.

1940 sollt Tokio d'Olympesch Spiller schonn eng Kéier organiséieren, huet dunn awer 2 Joer virdru säi Recht erëm ofginn, well d'Ressourcë fir d'japanesch Regierung, wéinst engem Konflikt mat China, ze knapp goufen.