Et ass u sech laanscht d'Ëffentlechkeet gaangen, ma et gouf e Wiessel um Presidenteposte bei der Lëtzebuerger Rugby-Federatioun.

Op der leschter Generalversammlung ass de President sortant Steve Karier nom éischte Walgang net méi fir deen zweeten ugetrueden.

Jean-François Boulot heescht elo den neie Mann un der Spëtzt vun der Federatioun. De Karier huet op eis Nofro hi gesot, datt hie virleefeg näischt iwwer seng Beweeggrënn wëll soen.