
© Pressphoto (Archiv)
An der Schwäiz konnten d'Young Boys vu Bern mam Christopher Martins eng 1:0-Victoire géint Luzern feieren.
De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf bei Bern an der 79. Minutt agewiesselt.
An der ieweschter Divisioun a Schweden huet Norrköping an enger geckeger Partie um 11. Spilldag um Enn nach 3:3 bei Falkenbergs gläichgespillt. De Lars Gerson war e Sonndeg net bei Norrköping dobäi, well hie bei senger Frëndin bliwwen ass, déi héichschwanger ass. D'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller bleift awer op der 1. Plaz an der Tabell.
Am meeschte gelies