Den 38 Joer alen Trainer gëtt Nofollger vum Alfred Schreuder, deen zanter Juli 2019 Trainer war.

Hien huet een 3-Joer-Vertrag ënnerschriwwen a fänkt den 2. August bei Hoffenheim un.

De Sebastian Hoeneß wier well méi laang a Kontakt mam Veräin gewiescht a seng Philosophie a Strategie géing perfekt zu der TSG passen, sou hire Sportdirekter Alexander Rosen e Méindeg an engem Pressecommuniqué.

Den Neveu vum Uli Hoeneß bréngt och säi Co-Trainer, den David Krecidlo, mat bei d'TSG Hoffenheim.

De Sebastian Hoeneß gëllt als grousst Trainer-Talent, huet awer nach keng Erfarung an der Bundesliga, wou hie sech dann déi kommend Saison wäert musse beweisen.