Dobäi geet et ëm e geheim Treffen tëscht dem Chef vum Weltfuttballverband an dem Leeder vun der "Bundesanwaltschaft", Michel Lauber.

Dat huet de Schwäizer Parquet en Donneschdeg zu Bern matgedeelt.

Beim Treffe sollen Unzeeche gewiescht si fir strofbaart Verhalen. Et géing hei ëm Amtsmëssbrauch a Verletzung vum Amtsgeheimnis goen.

D'Prozedur trefft den Infantino ee Joer no senger Reelektioun als Fifa-President. D'Fifa hat am Juni all d'Virwërf ewell ofgestridden.

Wann de 50 Joer ale Fifa-Chef als schëlleg ugesi gëtt, kéint hie suspendéiert ginn. 2015 hat d'Fifa-Ethikkommissioun ewell reagéiert, wéi dem Infantino säi Virgänger den Joseph Blatter an de fréieren Uefa-Chef Michel Platini beschëllegt goufen.