Sollt e Spiller an d'Zukunft um Terrain express houschten, da muss hien d'Spillfeld verloossen, wann den Arbitter et fir néideg hält.

Dat huet d'International Football Association Board (IFAB) e Méindeg matgedeelt. Esou wëll een d'Spiller an Arbittere virum Coronavirus schützen.

Déi nei Reegel seet, dass all Spiller, deen dobäi erwëscht gëtt, express a Richtung vun engem anere Sportler ze houschten, eng rout Kaart kritt. Sollt den Arbitter awer der Meenung sinn, dass de Spiller eng gewëssen Distanz agehalen huet an dat net express gemaach huet, wier eng rout Kaart net néideg, sou d'IFAB.

Et ass net déi éischt nei Reegel, déi d'International Football Association Board wärend der Corona-Kris aféiert. Zanter dem Ufank vun der Pandemie däerfen d'Ekippen elo bis zu 5 Spiller auswiesselen.

D'IFAB ass déi héchsten Autoritéit a puncto Fussballreegelen. Si besteet aus 4 Vertrieder vun der Fifa a jeeweils engem Vertrieder vun de Federatiounen aus England, Nordirland, Schottland a Wales. Se gouf 1884 gegrënnt, wéi déi 4 Natiounen ee gemeinsamen Tournoi wollten organiséieren an d'Reegelen deementspriechend wollte festleeën.