Wéi déi hollännesch Zeitung "De Telegraaf" mellt, wieren 90 Persoune beim hollännesche Rekordchampion am Juni positiv op de Coronavirus getest ginn.

Bei 13 Persounen insgesamt wieren Antikierper am Blutt fonnt ginn, sou déi hollännesch Dageszeitung nach. Eng Zuel, déi allerdéngs net vun offizieller Säit confirméiert wollt ginn.

D'Zuel vun den Infektioune beim Ajax, dem Telegraaf no ronn 90 - dorënner souwuel Spiller wéi Membere vum Staff -, gouf vum Veräin selwer bis elo awer och nach weder confirméiert, nach dementéiert. Wéini a wou sech dës Persoune mam Virus ugestach sollen hunn, wier och net kloer.

Ee Porte-parole vum Club huet der hollännescher Dageszeitung awer matgedeelt, datt bei de jéngsten Tester all d'Spiller negativ getest gi wieren.