Mat Gil Vicente huet den Tim Hall e neie Veräin fonnt a wiesselt domadder an déi éischt portugisesch Liga.

Nodeems den 23 Joer alen Lëtzebuerger Nationalspiller de Vertrag bei Karpaty Lwiw an der Ukraine opgeléist hat, war dësen op der Sich no engem neie Veräin. Trotz Offeren vun direkt e puer Veräiner huet den Tim Hall sech fir den Tabellen-10. aus der Portugiesescher Liga entscheet bei deem en e Kontrakt vun 2 Joer ënnerschriwwen huet.

OFICIAL | Bem-vindo, Tim Hall! 🔴🔵 Internacional A Luxemburguês reforça setor defensivo. 🎙”Apesar dos vários convites...

Gepostet von Gil Vicente Futebol Clube am Samstag, 8. August 2020