Nodeems e Sonndeg déi 1. Qualifikatiounsronn vun der Champions League gezu gouf, war e Méindeg de Mëtteg zu Nyon d'Europa League drun.

Aus Lëtzebuerger Siicht kritt den FC Déifferdeng 03 et mat der Ekipp vum HŠK Zrinjski aus Bosnien-Herzegowina ze dinn, de Progrès Nidderkuer kritt doheem Besuch vun UE Engordany aus Andorra oder dem FK Zeta aus Montenegro a Péiteng spillt auswäerts géint Lincoln Red Imps FC aus Gibraltar oder den FC Prishtina aus dem Kosovo.

D'Matcher si fir de 27. August programméiert. D'selwecht wéi an der Champions League ginn d'Matcher an engem KO-System gespillt.