De Bundesligist huet e staark Zeeche gesat a Saache Kampf géint de Rassismus.

Um Trikot vum 1. FC Köln ass nieft dem Doum an dem Rhäin och eng Moschee ze gesinn. E Member vum Veräin huet dofir elo gekënnegt. De Veräin huet dëst ëffentlech gemaach an op Kritik u Moscheeverband Ditib reagéiert.

Den 1. FC Köln begréisst d'Kënnegung vum Veräinsmemeber, dee sech un engem Moschee-Symbol um Veräinstrikot stéiert.
"Effzeh-Charta nicht gelesen? Diese Kündigung bestätigen wir gern", heescht et en Dënschdeg an engem Tweet vum Futtballveräin.

De Member huet gemengt, hie kéint sech net mam Moslemen identifizéieren a géing dofir kënnegen. Weider huet hie gemengt, dass d'Trikote gläich rosa misste sinn, fir "die Weltoffenheit perfekt" ze maachen. D'Reaktioun vu Köln nees genau esou provokant: "Danke für die Idee mit dem Trikot. Hadi tschüss – Und tschüss."