Déi op Nummer 1 gesate Karolina Pliskova huet bei de US Open 2020 am 2. Tour mat 1:6 a 6:7 géint d'Franséisin Carolina Garcia verluer.

Am 3. Tour bei den Damme stinn och nach ënnert anerem d'Angelique Kerber, d'Naomi Osaka, d'Petra Kvitova an d'Petra Martic.

Bei den Hären huet den Novak Djokovic sech méi mussen ustrengen, wéi hie sech dat erhofft hat. Den 1. Saz huet de Kyle Edmund mat 7:6 gewonnen. Duerno huet den Djokovic sech awer um Rimm gerappt an déi 3 nächst Sätz gounge mat 6:3, 6:4 a 6:2 un den op Nummer 1 gesate Serb.

Keng Problemer hat de Stefanos Tsitsipas mam Maxime Cressy. No 2 Stonnen a 24 Minutte stoung et 7:6, 6:3 a 6:4 fir de Griich.

Den Alexander Zverev huet iwwer 4 Sätz musse goen, fir sech géint de Brandon Nakashima ze behaapten.