Am Siège vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun zu Monnerech war e Méindeg den Tirage vun den 1/32-Finallen an der Coupe de Luxembourg.

An do kruten d'Veräiner aus den ënneschten Divisiounen e puer ganz attraktiv Géigner.

Préizerdaul-Réiden kritt et mam Champion Fola ze dinn, Näerzeng spillt géint d'Jeunesse, Harel-Ischpelt géint de Leader an der ieweschter Divisioun, den FC Wolz 71, Mäerzeg géint den F91 Diddeleng, a méi Derby geet net mat Izeg géint Hesper.

Dësen Tour an der Coupe ass fir den 18. Oktober programméiert.