E Mëttwoch den Owend huet Dynamo Kiew den Allersmatch an de Playoffs mat 2:1 zu Gent gewonnen.

De Gerson Rodrigues, deen an der 31. Minutt déi Giel Kaart gesinn huet, gouf an der 59. Minutt ausgewiesselt.

De Retourmatch gëtt en Dënschdeg um 21 Auer zu Kiew gespillt.

An der Bundesliga koum et e Mëttwoch zu engem Tëschefall beim 1. FSV Mainz 05. No der Suspendéierung vum Stiermer Adam Szalai hunn d'Profie ronderëm de Leandro Barreiro gestreikt.

An den USA huet den New York City FC sech an der MLS misse mat 0:1 géint den Toronto FC verluer. Den decisive Gol ass an der 90. Minutt per Eelefmeter gefall. De Maxime Chanot stoung fir New York déi komplett 90 Minutten um Terrain. Seng Ekipp steet mat 17 Punkten no 13 Matcher op der 6. Plaz an der Eastern Conference.