Den Triathlons-Club Karibu huet zesumme mat Schüler vum Dikrecher Kolléisch mam Cross-Triathlon en originelle Projet op d'Been gestallt.

E Samschdeg de Moien stoung zu Jonglënster e Cross-Triathlon um Programm, dee vum Triathlons-Club Karibu an d'Liewe geruff ginn ass. Mat un der Organisatioun bedeelegt waren eng Reih Schüler aus dem Dikrecher Kolléisch.

Nieft dem Schwammen ass et och nach e Mountainbike-Parcours vu 5,2 Kilometer ginn a fir ze Laafen eng Streck vun 1500 Meter.
Bedéngt duerch de vergaangene Lockdown huet et zu Lëtzebuerg u Kompetitioune gefeelt, wat och e Grond fir d'Organisatioun vun dësem Projet war.

Bei deene Grousse stoung enf Course Poursuite um Programm, bei där de Bob Haller zum Schluss d'Nues vir hat. Hie konnt sech virum Duathlonmeeschter Jérome Ewen an dem jonken David Lang duerchsetzen.