Wéi Mainz op Twitter mellt, muss den Achim Beierlorzer no 2 Néierlagen aus 2 Matcher an dem Streik, wéinst dem degradéierte Buteur Adam Szalai, goen.

Zu Mainz spillt jo ënnert anerem och de Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro. De Co-Trainer Jan-Moritz Lichte soll elo emol iwwerhuelen.