En Donneschdeg goufen am Kader vun der Auslousung vun der Champions-League-Gruppephas och déi beschten europäesch Futtballer aus der Saison 19/20 geéiert.

Bei den Häre waren de Stiermer Robert Lewandowski an de Golkipper Manuel Neuer allebéid vu Bayern München an de Kevin De Bruyne vu Manchester City nominéiert. Um Enn ass d'Auszeechnung wéi erwaart un de Robert Lewandowski gaangen.

Also Spillerin vum VFL Wolfsburg huet d'Pernille Harder den Titel gewonnen. Déi nächst Saison spillt si beim FC Chelsea. /

Bei den Damme waren d'Pernille Harder vum VfL Wolfsburg, d'Lucy Bronze vu Manchester City an d'Wendie Renard vun Olympique Lyon nominéiert. UEFA-Spillerin vum Joer gouf um Enn d'Dänin Pernille Harder.

Den Didier Drogba gouf mam UEFA President's Award ausgezeechent, well hien de Kanner a sengem Heemechtsland Elfenbeinküst gehollef huet an ënner anerem de Bau vu Schoule finanzéiert huet. Hien ass den éischten Net-Europäer, deen dëse Präis gewonnen huet.

Den Didier Droba huet a sengem Heemechtsland eng Fondatioun gegrënnt. / © AFP