Wee spillt an der Gruppephas vun der Champions League géint ween? En Donneschdeg den Owend war d'Auslousung.

32 Ekippen hu sech fir d'Champions League 20/21 qualifizéiert. En Donneschdeg goufen déi 8 Gruppe fir d'Gruppephas ausgeloust. Den offizielle Spillplang gëtt e Freideg den Owend publizéiert. Den éischte Spilldag ass den 20./21. Oktober an den 8./9. Dezember ass dee leschten.

D'Finall gëtt den 29. Mee 2021 zu Istanbul am Atatürk Olympia Stadion gespillt.

Dëst Joer hat Bayern München d'Champions League gewonnen.

An der Gruppephas ass dëst Joer mam Gerson Rodrigues (Dynamo Kiew) och fir d'éischte Kéier ee Lëtzebuerger Nationalspiller. Donieft ass mam Miralem Pjanic (Barcelona) e weidere Spiller, deen Lëtzebuerger Nationalitéit huet, mat dobäi. Si spillen am Grupp G géinteneen.

Championsleague mat 2 Lëtzebuerger / Rep. Franky Hipper
Extrait Paul Philipp

Grupp A

Bayern München

Atlético Madrid

FC Red Bull Salzburg

Lokomotiv Moskau

Grupp B

Real Madrid

Shakhtar Donetsk

Internazionale Mailand

Borussia Mönchengladbach

Grupp C

FC Porto

Manchester City

Olympiacos Piräus

Olympique de Marseille

Grupp D

FC Liverpool

Ajax Amsterdam

Atalanta Bergamo

FC Midtjylland

Grupp E

Sevilla FC

Chelsea London

FC Krasnodar

Stade Rennes

Grupp F

Zenit St. Petersburg

Borussia Dortmund

Lazio Roum

Clubb Brugge

Grupp G

Juventus Turin

FC Barcelona

Dynamo Kiew

Ferencvárosi TC

Grupp H

Paris Saint Germain

Manchester United

RB Leipzig

Istanbul Basaksehir