En Dënschdeg war bei den Dammen an den Hären den Optakt vun de Véierelsfinalle bei de French Open am Tennis.

Hären

Fir de US-Open-Gewënner sinn d'French Open eriwwer. Den Dominic Thiem huet sech mat 6:7, 7:5, 7:6, 6:7 an 2:6 géint den Argentinier Diego Schwartzmann misse geschloe ginn.

De Rekordchampion steet bei de French Open an der Halleffinall, dat no engem schwéiere Match géint den italienesche Shootingstar Jannik Sinner. Hien huet sech mat 7:6, 6:4 a 6:1 duerchgesat a bleift domat ouni Sazverloscht dëst Joer.

Et war dem Rafael Nadal säin 100. Roland Garros-Match. Seng Statistik ass mat 98 Victoirë bei just 2 Néierlage sensationell.

Dammen

Och bei den Damme konnt eng Argentinierin iwwerraschen. D'Nadia Podoroska huet nämlech mat 6:2 a 6:4 géint d'Elina Svitolina gewonnen.

An enger weiderer Véierelsfinall konnt sech déi jonk Polin Iga Swiatek mat 6:3 a 6:1 géint d'Italienerin Martina Trevisan behaapten.

An der Halleffinall spillen deemno d'Podoroska an d'Swiatek géinteneen, keng vu béide Spillerinne hat et bis heihinner bei engem Grand Slam bis an d'Finall gepackt.