De Karibu huet e Sonndeg de Moien eng 120 Duathleten zu Jonglënster op d’Streck vum Lëtzebuerger Duathlon-Championnat geschéckt.

Karibu esou nennt sech deen eréischt 3 Méint jonken Triathlonsveräin, dee fir en interessant Championnat gesuergt huet.

Wärend den 10 éischte Kilometer Lafen huet de Bob Haller seng Leefer Qualitéiten zum Beschte ginn a konnt doduerch mat enger klenger Avance op de 40 Kilometer laange Vëlosparcours goen. Allerdéngs ass hannert him geraibert ginn.

Aus dem 6 Mann staarke Verfolgergrupp bloufen der nach 2 iwwreg, nämlech de Vizemeeschter vum leschte Joer de Jérôme Ewen an de François Reding an déi sinn zesumme bei de Bob Haller bäigefuer.

De Bob Haller huet sech op deem schwéiere Lafparcours de Botter net méi vum Brout huele gelooss. Mat enger Avance vu 50 Sekonne gewënnt hien de Championstitel. De Jérôme Ewen stécht an der Preparatioun vum Ironman vu Portugal un deem hien an 3 Woche wäert deelhuelen. Dofir huet hie säin Training op déi laang Distanzen axéiert. Trotzdeem gëtt de Jérôme Ewen, genau esou wéi d’lescht Joer Vizemeeschter. Drëtten aus Lëtzebuerger Siicht gëtt den Adrien Rossignon.

Bei den Dammen huet d’Jackie Mores dominéiert. Mat enger Minutt an 22 Sekonne Retard gëtt d’Runa Eglisdottir Vizemeeschterin an déi talentéiert Juniorin Eva Daniels gëtt Drëtt.