De Weekend war zu Sölden an Éisträich den Optakt vun der neier Saison am Schi Alpin.

Am Riseslalom bei den Hären huet sech e Sonndeg de Lucas Braathen d'Victoire geséchert. Den Norweger hat eng Avance vu 5 Honnertstel op de Schwäizer Marco Odermatt. Um Podium stoung nach de Schwäizer Gino Caviezel mat engem Retard vu 46 Honnertstel.