Den Crl hat um Bouferterhaff de 17. an 18. Oktober een Sprangturnéier organiséiert, wou och Finalle vun de verschiddenen Cups geridde gi sinn.

Den WBO-E-Cup gouf gewonne vum Kass Julie mam Gwash virum Klinkert Lara mam Vatango Mo an dem Georgopoulos Zoe mam Fer d‘Alêne.

Den A-Cup war fir d'Klinkert Lara um Cantos 26 virum Bakx Sonja mam Moon Man 5 an dem Boheim Camille mam Azuro 10.

De L-Silver Cup ass gewonne gi vum Weiler Mandy mam Baylando 6 virum Kleman Amy mam Fabima C an dem Houtsch Alessia mam Corianos 2.

Den M*-Amateur-Cup war fir d'Schuler Claire mam Fee 913 virum Hein Stéphanie mam Kumquat du Gibet an dem Heck Marie mam Balladeer Promise.