De Bruno Martini ass am Alter vun 58 Joer gestuerwen. En hat Longen- an Häerzproblemer.

Tëscht 1987 an 1996 stoung hien 31 mol am Gol vun der franséischer Nationalekipp. Aktuell war hien Directeur adjoint vum Futtball-Fomatiounszenter zu Montpellier.

De Martini hat d'lescht Woch am Formatiounszenter vu Montpellier en Häerzinfarkt.