Dat, well zu Nidderkuer et 3 Fäll vum Coronavirus gouf. Dräi Spiller goufe positiv getest.

Am nationale Futtball-Championnat steet e Mëttwoch de kompletten 8. Spilldag um Programm. D'Partie tëscht Nidderkuer an Hesper gouf ofgesot. Och de Match vum Progrès de Weekend zu Rouspert kann net gespillt ginn.

D'Matcher goufen op de 25. November respektiv den 2. Dezember verluecht. Weider deelt de Veräi mat, datt den Ekippentraining ofgesot ass. Nei Tester ginn de 26. Oktober gemaach, sollte se do all negativ ausfalen, kann de 27. Oktober nees trainéiert ginn.

An engem éischte Communiqué hat de Veräin vu véier Infizéierte geschwat. Et huet sech awer erausgestallt, datt dem Veräinsdokter säin Text negativ ausgefall war.