An engem Communiqué huet d'Futtballfederatioun matgedeelt, datt een och d'Matcher vum 9. Spilldag an der BGL-Ligue ofseet.

Dëst wéinst der aktueller sanitärer Situatioun a  well scho 4 vun den 8 Partien, déi sollte gespillt ginn, wéinst Coronafäll an den Ekippe hu misste verluecht ginn. D'Matcher ginn op engem spéideren Datum nogeholl.

D'FLF wëll Ufank der nächster Woch kucken, wéi et mam Spillprogramm elo weidergeet.