No de Rekorder iwwer 50 an 100 Meter Crawl bei der International Swimming League Enn Oktober huet d'Lëtzebuergerin op en Neits op sech opmierksam gemaach.

Déi 23 Joer jonk Schwëmmerin konnt e Freideg en neien nationale Rekord iwwer 50 Meter Crawl opstellen. D'Julie Meynen huet no 24 Sekonnen a 75 Honnertstel ugeschloen a war domat een Honnertstel méi séier wéi bei hirer aler Beschtzäit.

Bei der International Swimming League geet d'Lëtzebuerger Schwëmmerin fir d'Ekipp Toronto Titns un den Depart.