Den Daniil Medvedev konnt sech géint de Milos Raonic duerchsetzen an den Alexander Zverev klappt de Rafael Nadal.

Bei de Masters zu Paräis stoungen um Samschdeg d'Halleffinallen um Programm. An der éischter Partie konnt sech de Russ Daniil Medvedev mat 6:4 a 7:6 géint de Kanadier Milos Raonic duerchsetzen.

An der Finall trëfft den Daniil Medvedev dann op den Alexander Zverev deen an der Halleffinall mat 6:4 a 7:5 géint de Rafael Nadal konnt gewannen.

D'Finall gëtt um Sonndeg gespillt.