
© AFP
E Samschdeg stoungen am Tennis bei den ATP Finals zu London mat den Halleffinallen zwou grouss Affichen um Programm.
Dominic Thiem - Novak Djokovic (7:5, 6:7 (10:12), 7:6 (7:5))
Den Dominic Thiem huet bei den ATP Finals zu London de fënneffache Gewënner vun dësem Tournoi, den Novak Djokovic an 3 Sätz bezwongen an domat wéi schonn zejoert d'Finall erreecht.
Virun engem Joer war den Éisträicher an der Finall dem Griich Stefanos Tsitsipas ënnerleeën, dëst Joer ass de 27-järegen no enger enorm spannender Partie géint den "Djoker" nees ënnert de beschten 2. Den Thiem hat am Summer well d'US Open gewonnen.
Daniil Medvedev - Rafael Nadal (3:6, 7:6, 6:3)
Den Dominic Thiem kritt et an der Finall vun den ATP-Finals mam Daniil Medvedev ze dinn. Hie konnt sech e Samschdeg den Owend géint de Rafael Nadal behaapten.