D'Petra Vlhová aus der Slowakei huet bei den Dammen den 1. Slalom vun der Saison zu Levi a Finnland gewonnen.

Beim éischte Slalom vun der neier Wantersportsaison huet d'Petra Vlhová sech virun der Mikaela Shiffrin aus den USA an der Katharina Liensberger aus Éisträich duerchgesat. D'Slowakin hat e knappe Virsprong vun 18 Honnertstel op d'US-Amerikanerin.

Wéinst der Corona-Pandemie ginn dëse Weekend dann och keng Härecoursse gefuer. Bei den Dammen huet iwwerdeems missen déi ganz schweedesch Delegatioun Forfait erklären, well e Member vun de Betréier positiv op Covid-19 getest gouf.