Zu Wisla a Polen war e Samschdeg dat éischt Schisprangen vun der neier Wantersportsaison, dat mat engem Sprangen an der Ekipp.

No den 2. Duerchgäng konnt sech déi éisträichesch Ekipp déi éischte Plaz um Podium sécheren, dat mat 1078 Punkten. Däitschland koum e Samschdeg mat 1069,30 Punkten op déi 2 Positioun. De Podium komplettéiert huet Polen mat 1061,50 Punkten.

Insgesamt war et e spannend Duell tëscht den dräi Natiounen Éisträich, Däitschland a Polen, déi dann och schlussendlech d'Podiumsplazen ënnert sech ausmaache konnten.