Beim leschte groussen Tennistournoi vum Joer stounge sech an der Finall den Daniil Medvedev aus Russland an den Dominic Thiem aus Éisträich géigeniwwer.

Wärend den Thiem sech um Samschdeg géint den Novak Djokovic duerchsetze konnt, war et dem Medvedev gelongen, de Raphael Nadal an der Halleffinall z'eliminéieren.

Den éischte Saz an der Finall goung dann op de Kont vum 27 Joer alen Thiem, dee sech beim Stand vun 2:2 ee wichtegt Opschlagspill vum Russ fir sech entscheede konnt. Soumat konnt den Éisträicher den éischte Saz mat 6:4 fir sech entscheeden.

An engem ganz ausgeglachenen zweete Saz konnte béid Spiller hiert Opschlagspill fir sech entscheeden, a sou koum et bei Stand vu 6:6 zum Tiebreak am 2. Saz. Dëse konnt den Daniil Medvedev um Enn mat 7:2 fir sech entscheeden, a sou goung et an den entscheedenden 3. Saz.

Hei war et den Daniil Medvedev, deen eng Grëtz besser war a sech den drëtte Saz mat 6:4 geséchert huet an domadder och de Match. Beim Stand vun 2:2 war dem Russ den decisive Break gelongen.