Beim Abschid vum argentinesche Futtball-Idol ass et en Donneschdeg virum Presidentepalais zu Ausschreidungen tëscht Supporter an der Police komm.

Nom Doud vum Diego Maradona e Mëttwoch konnte seng Supporter him en Donneschdeg eng leschte Kéier Äddi soen. De Sarg gouf an der "Casa Rosada" opgeboort.

Nodeems d'Autoritéiten den Zougang zum Presidentepalais allerdéngs limitéiert haten, haten déi Dausende Leit, déi nach gewaart hu vir eranzekommen, Angscht net méi eragelooss ze ginn an hirem Idol net méi kënnen Äddi ze soen.

Verschidde Supporter hunn Ofspärungen ofgerappt, wat Panik ausgeléist huet. D'Police huet der Noriichtenagence AFP no Tréinegas agesat an ass mat Waasserwerfer op d'Plaz komm. Argentinesch Medien hunn am Internet Fotoen a Videoe vu chaoteschen Zeene gewisen. Poliziste goufe mat Fläschen a Steng attackéiert.

D'Regierung huet doropshin decidéiert, fir den Zougang zum Sarg vum Maradona ëm dräi Stonne bis 19 Auer Lokalzäit (23 Auer MEZ) ze verlängeren. Duerno soll de Maradona um Jardin de Paz un der Säit vu sengen Eltere bäigesat ginn.

De Weltmeeschter vun 1986 war e Mëttwoch am Alter vu 60 Joer un de Suitte vun engem Häerzinfarkt gestuerwen.