Am Schi Alpin stoung e Freideg den Owend ee Parallel-Riseslalom zu Lech an Éisträich um Programm.

Den Alexis Pinturault huet e Freideg den Owend beim Schi-Alpin-Weltcup zu Lech an Éisträich de Parallel-Riseslalom gewonnen. Den 29 Joer ale Fransous huet sech an der Finall géint den Norweger Henrik Kristoffersen behaapt.

Mat dëser Victoire huet de Pinturault Geschicht geschriwwen. Hien ass elo deen eenzege männlechen Athlet, deen a sechs Disziplinnen eng Course gewonnen huet. De Fransous huet a senger Karriär am Super-G, Riseslalom, Slalom, Kombinatioun, Parallel-Riseslalom a bei engem City-Event gewonnen.

Bei den Dammen huet d'US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin souguer a siwen Disziplinne gewonnen (Slalom, Riseslalom, Super-G, Descente, Kombinatioun, Parallel-Slalom a City-Event).