A Schweden war et um Méindeg den Owend d'Victoire vum Lars Gerson senger Ekipp Norrköping 1:0 géint Hammarby.

Domadder ass Norrköping op déi 4. Plaz geklomm.

Sonndeg

An der 3. däitscher Liga huet de Maurice Deville mat engem Gol an der 89. Minutt nach ee Punkt fir den 1. FC Saarbrécken geséchert. De Lëtzebuerger Stiermer war am Derby géint den 1. FC Kaiserslautern an der 39. Minutt agewiesselt ginn an huet d'Victoire fir de Jeff
Saibene
mam FCK nach verhënnert.

De Sebastien Thill ass bei der 0:4-Defaite géint den FK Ufa an der 61. Minutt agewiesselt ginn, konnt beim Stand vun 0:3 awer net méi vill um Spillverlaf änneren.

An der Super League a Griechenland huet sech den OFI Kreta mat 2:1 géint Giannina behaapt. De Vahid Selimovic ass net zum Asaz komm.

De Vincent Thill war bei der 0:1-Defaite vu CD Nacional géint Portimonense de ganze Match op der Bänk.

An der däitscher Bundesliga huet Mainz sech mat engem 1:1 géint Hoffenheim d'Punkte gedeelt. Beim Remis stoung de Leandro Barreiro iwwer 90 Minutten um Terrain.

De Standard vu Léck huet mam Laurent Jans, deen an der 80. Minutt agewiesselt gouf, 0:0 géint Anderlecht gespillt. An der Jupiler League steet Léck domat op der 4. Plaz mat 4 Punkte Réckstand op den Tabelleleader.

Den Anthony Moris huet e Sonndeg den Owend am Gol vun Union St. Gilloise mat 0:1 géint Seraing verluer.

Fir de Mica Pinto ass et mat Sparta Rotterdam an der Eredivisie eng knapp 0:1-Defaite géint de PSV ginn. De Lëtzebuerger huet de ganze Match gespillt.

Samschdeg

An der 1. Liga an der Belsch huet den Danel Sinani beim 1:1-Remis vu senger Ekipp Waasland-Beveren géint St. Truiden 90 Minutten iwwer um Terrain gestanen.

De Gerson Rodrigues stoung bei der 2:0-Victoire vun Dynamo Kiew géint Worskla Poltawa net am Kader. Kiew läit elo no 11 Spilldeeg mat 26 Punkten op der 1. Plaz an der Tabell.

An der 2. däitscher Bundesliga huet Karlsruhe seng véiert Victoire an dëser Saison konnte feieren. Géint Paderborn ass de Gol duerch de Gordon an der 7. Minutt duergaangen, fir de Match mat 1:0 kënnen ze gewannen. Fir de Lëtzebuerger Dirk Carlson sollt et awer kee ganz gelongen Nomëtteg ginn, souz den Nationalspiller dach déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.

Freideg

Den Enes Mahmutovic stoung bei Lviv vun Ufank un um Terrain an huet an der 76. Minutt déi Giel Kaart gesinn.

Lviv steet no 10 Matcher mat 7 Punkten op der zweetleschter Plaz an der Tabell.