Den Dout vum bekannte Futtballer suergt fir Rätsel. D'Police ermëttel elo géint den Hausdokter vum Maradona.

Nodeems den Diego Maradona e Mëttwoch un engem Häerzinfarkt gestuerwen ass, huet d'Police e Sonndeg de Moien d'Haus vum Maradona sengem Dokter, dem Leopoldo Luque duerchsicht. Wéi déi brittesch Zeitung "The Sun" mellt, géif den Ament wéinst Homicide involontaire géint den Dokter ermëttelt ginn.

Wéi de Parquet matdeelt, wéilt een erausfannen, op den Dout vum Futtballer wéinst engem Behandlungsfeeler provozéiert gouf. Kuerz virun Dout vum Maradona, solle sech déi 2 och gestridden hunn, heescht et vun Zeien.

D'Duechtere vum Maradona, d'Dalma an d'Giannina hunn eng Perquisitioun ugefrot, nodeems si den Dout vun hirem Papp hannerfrot hunn. Ënnert anerem gëtt hannerfrot, op d'Medikamenter, déi hire Papp verschriwwe krut, ugepasst waren. Bis ewell géifen et awer keng Hiweiser ginn, dass den Dokter sech engem Verbrieche schëlleg gemaach huet.