An de sozialen Netzwierker huet d'Lëtzebuerger Tennisspillerin wësse gedoen, dass hiert zweet Kand d'Liicht vun der Welt erbléckst huet.

E Samschdeg, den 12. Dezember ass d'Maya op d'Welt komm. Eng éischte Kéier gouf d'Mandy Minella den 30. Oktober 2017 Mamm vun hirer éischter Duechter Emma Lina.

Am September hat d'Sportlerin hir Fans iwwert den Nowuess informéiert an eng schwaarz-wäiss Schwangerschaftsfoto gepost.

D'Ekipp vun RTL wënscht alles Guddes!