Déi amerikanesch Football-Profiliga trauert ëm de Floyd Little. De Runningback vun den Denver Broncos ass e Freideg am Alter vun 78 Joer verscheet.

Wéi d'American Football Hall of Fame matgedeelt huet, wier hien un de Suitte vu senger Kriibserkrankung gestuerwen. De fréiere Sportler "war e Mann vu grousser Integritéit, Leidenschaft a Courage", sot de President vun der American Football Hall of Fame.

Och ausserhalb vum Terrain hätt hien Erstaunleches geleescht. Vum NFL-Chef Roger Goodell heescht et, dass de Little vill Leit dozou inspiréiert hätt, dat Bescht aus sech erauszehuelen. Den designéierten US-President Joe Biden huet och seng Condoleancen ausgesprach: "Ech hunn de Mann hannert der Nummer kennegeléiert (...) Ech wäert mäi Frënd vermëssen", schreift den Demokrat op Twitter.

De Floyd Little stoung wärend 9 Saisonen (1967-1975) fir d'Broncos um Terrain. Am Joer 1967 gouf hien am éischten Draft vun der AFL an der NFL u 6. Stell gewielt. A senger ganzer Karriär ass hien op 6.323 Yards komm a 54 Touchdowns. Donieft gouf de Runningback 5 Mol als "All Pro" ausgezeechent. Zanterhier gouf seng Trikotnummer 44 u keen anere Spiller méi vum Club verginn. Am Joer 2010 gouf hien an d'Hall of Fame opgeholl.