De Pol huet sech donieft och beim véierten a leschte Sprangen zu Bischofshofen d'Victoire geséchert.

De Kamil Stoch huet e Mëttwoch d'Véierschanzentournée am Schisprange gewonnen. De Pol konnt sech och beim leschte Sprangen zu Bischofshofen duerchsetzen.

Et ass déi drëtte Kéier, datt de Stoch d’Véierschanzentournée gewënnt. Um Podium stinn um Enn nach den däitsche Karl Geiger an de Gewënner vun zejoert de Pol Dawid Kubacki.