Ass d'Opwandsentschiedegung pro Mount an d'Jetone fir d'Membere vum Conseil vun der Coque eropgaangen? Dat wollt d'CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt wëssen.

Dat wier effektiv de Fall, äntwert de Sportminister Dan Kersch an der Äntwert op d'parlamentaresch Fro vum Nancy Kemp-Arendt. Zanter 2000 wiere se net erhéicht ginn a si wieren och net indexéiert gewiescht. Dofir goufen se elo verduebelt an och indexéiert.

An Zukunft misst duerch d'Indexéierung elo am Prinzip keng Upassung méi gemaach ginn.