Alexander Bolschunow, wie soss? De russesche Laangleefer huet e Freideg och déi fënneft Etapp bei der Tour de Ski gewonnen.

D'Schlussvictoire bei der Tour de Ski ass dem Alexander Bolschunow kaum nach ze huelen. Virun de leschten Etappen e Samschdeg an e Sonndeg huet de Russ säi Virsprong mat enger Victoire beim Massestart iwwer 15 Kilometer zu Val di Fiemme an Italien weider ausgebaut.

De Russ huet sech e Freideg mat engem Virsprong vun 1,8 Sekonne virum Italiener Francesco De Fabiani behaapt. De Russ Alexej Tscherwotkin hat als Drëtten e Retard vun 3,7 Sekonnen.

Am General huet de Bolschunow elo e Virsprong vun 2 Minutten a 37 Sekonnen op de Fransous Maurice Manificat, deen net iwwert déi 10. Plaz erauskomm ass.

Bei den Damme stoung e Massestart iwwer 10 Kilometer um Programm. D'Victoire war hei fir d'Natalia Neprjajewa aus Russland. Mat engem Retard vun 2,4 Sekonnen ass d'Katarina Hening aus Däitschland déi Zweet ginn. D'Schwedin Ebba Andersson ass Drëtt ginn an hat e Retard vu 4,1 Sekonnen.

Am General bleift bei den Dammen d'Jessie Diggins a Féierung. De Virsprong vun der US-Amerikanerin, déi e Freideg nëmmen déi Néngt gouf, läit den Ament bei 55 Sekonnen op d'Julia Stupak aus Russland.