Iwwerdeems souz de Maurice Deville beim 0:0-Gläich bei Saarbrécken 90 Minutten iwwer op der Bänk.

Den 1. FC Saarbrécken ass e Sonndeg de Mëtteg net iwwert een 0:0-Gläich iwwert de VFB Lübeck erauskomm. De Lëtzebuerger Nationalspiller Maurice Deville souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk vun der Lokalekipp. Saarbrécken ass nom Remis mat 30 Punkten op der 7. Plaz an der Tabell an der 3. Liga a Däitschland.

An der hollännescher 1. Liga stoung de Mica Pinto bei Sparta Rotterdam, déi zu Gaascht beim FC Urecht waren, net am Kader. D'Lokalekipp huet an der 89. den entscheedenden Gol geschoss a gewënnt um Enn mat 1:0 géint Sparta Rotterdam.

De Christopher Martins stoung nach net am Kader vun de Young Boys Bern. An der Schwäizer Super League sinn d'Berner net iwwert een 0:0-Gläich erauskomm.

An der Belsch hat de Standard Leck Besuch vun Charleroi. An engem ganz spannendem Match huet sech Léck no 8 Minutten Nospillzäit um Enn mat 3:2 konnten duerchsetzen. De Laurent Jans stoung net am Kader vum Standard.

Samschdeg

An der 3. däitscher Liga verléiert dem Jeff Saibene säin 1. FC Kaiserlautern knapp mat 3:4 beim Leader aus Dresden a steet domat weider op enger Ofstigsplaz. Dresden huet dogéint all d'Optioune fir opzesteigen.

A Griicheland verléiert de Vahid Selimovic mat Kreta mat 0:2 géint Panathinaikos. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung déi 90 Minutten um Terrain.

An der éischter däitscher Bundesliga konnt Mainz déi zweete Victoire vun der Saison feieren. Bei der 3:2-Victoire géint Leipzig konnt de Leandro Barreiro den entscheedenden 3:2 fir seng Faarwe markéieren, et war dem jonke Lëtzebuerger säin éischte Gol an der Bundesliga.

Freideg

E Freideg den Owend huet am belsche Championnat Waasland-Beveren auswäerts géint Anderlecht 0:0 gläich gespillt. Den Danel Sinani souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk. An der Tabell steet d'Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller op der zweetleschter Plaz mat 21 Punkten.